Graham Greene

Graham Greene
Gebuertsnumm Henry Graham Greene
Gebuer 2. Oktober 1904
Gestuerwen 3. Abrëll 1991
Vevey
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Balliol College
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dramatiker, Journalist, Dréibuchauteur, Autobiograph, Kannerbuchauteur, Spioun
Member vun Royal Society of Literature

De Graham Greene, gebuer den 2. Oktober 1904 zu Berkhamsted, am Hertfordshire, a gestuerwen den 3. Abrëll 1991 zu Vevey an der Schwäiz; fir richteg Henry Graham Greene, war e brittesche Schrëftsteller.

Hien huet seng Carrière als Zeitungsredakter ugefaangen. An den 1930er huet hie Filmkritike geschriwwen an ass vill doruechter gereest, wat en dono a sengen Erzielunge veschafft huet. Wärend dem Zweete Weltkrich huet hie fir de britteschen Auslandsgeheimdéngscht a Westafrika geschafft.

Seng Romaner haten zum Deel grousse Succès, an thematiséieren ëmmer nees zentral Theeme vun der human condition wéi Schold, (On-)Glawen a Verrot, meeschtens am Kader vun enger Abenteur-, Kriminal- oder Spionagegeschicht. Hie war géint de Kolonialismus a seng Aberratiounen, géint d'US-amerikanesch Aussepolitik a Mëttel- a Südamerika an an Indochina, an huet sech dacks kritesch mat der Kierch auserneegesat; säi Roman The Power and the Glory gouf 1953 op den Index gesat.

Wärend a sengen éischte Romaner dacks eng driipseg, schappeg Atmosphär den Toun ugëtt, kënnt a senge méi spéide Romaner dacks e gudde Schotz schwaarzen Humor zum Ausdrock. De Greene huet sech dacks gelangweilt gefillt an huet vill gedronk, fir deeës lass ze ginn. A ville Romaner spillt Alkohol dann och eng grouss Roll, wéi z. B. an der decisiver Zeen vun Our man in Havanna.

Nieft Romaner huet de Graham Greene och Theaterstécker (säin éischt Stéck The living-room war e grousse Succès), autobiographesch Texter (z. B. Ways of Escape) an Dréibicher geschriwwen (z. B. vun The Third Man an The Comedians).

Eng jett vu senge Romaner goufe vu Regisseure wéi John Ford, Otto Preminger, Joseph L. Mankiewicz, Neil Jordan oder Carol Reed (The Third Man, Our Man in Havanna) verfilmt.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne