Green-Bank-Teleskop | |
---|---|
Standplaz | Green Bank, West Virginia, USA |
Bedreiwer | Green Bank Observatory |
Standplaz vun der Ariichtung | Green Bank Observatory |
Art vu Fuerschung | Radio-Astronomie |
Fachgebidder | Spektralberäich |
A Betrib gesat | 22. August 2000 |
Bauform | Parabolesch Offsetantenn
mat dynamesch justéierbarer Uewerfläch |
Duerchmiesser | 100–110 m |
Reflektorfläch | ~ 7.854 m² |
Homepage | www.greenbankobersatory.org |
Koordinaten | 38° 25′ 59.26″ N, 79° 50′ 23.42″ W |
D'Green-Bank-Observatoire ass eng zum Deel staatlech gefërdert Fuerschungs- an Entwécklungsorganisatioun fir Radioastronomie mat Sëtz zu Green Bank am US-Bundesstaat West Virginia.
D'Haaptinstrument vum Green-Bank-Observatoire ass d'Robert C. Byrd Green-Bank-Teleskop (GBT). Et ass mat 100 × 110 Meter Duerchmiesser dat gréisst voll beweeglecht Radioteleskop vun der Welt.
Mam Betribufank huet et no 29 Joer dat däitscht Radioteleskop Effelsberg vun der Spëtz aus der Rankinglëscht verdrängt. De GBT läit an der National Radio Quiet Zon, an där de Betrib vun de meeschte Quelle vu Radiowelle streng reglementéiert resp. ënnersot ass. Am Noberäich sinn nëmmen Dieselgefierer erlaabt, well déi keng Zündkerzen hunn a sou keng elektromagnéitesch Stéierunge verursaachen.
Den Observatoire gouf bis den 30. September 2016 vum National Radio Astronomy Observatory, mat Haaptsëtz zu Charlottesville, Virginia, bedriwwen. Zanter 1. Oktober 2016 ass de Green-Bank-Observatoire net méi en Deel vun NRAO, mä en eegestännegt Observatoire (Green Bank Observatory). D'Finanzéierung geschitt zwar nach zum gréissten Deel staatlech, awer elo och en Deel iwwer privat Projete. Dat gréisst privat Projet ass am Ament dat no Signale méiglecherweis existéierend technescher Zivilisatiounen am All sichende Project Breakthrough Listen. Zanter Januar 2016 ginn 20 Prozent vun der Observatiounszäit vum GBT fir Breakthrough Listen agesat.[1]
Am November 1961 war am Green-Bank-Observatoire déi éischt SETI-Konferenz vu Wëssenschaftler verschiddener Sparten.[2],[3] Do gouf iwwer méiglecht Liewen am All an d'Sich dono diskutéiert. E Resultat vun dësem Treffen ass déi sougenannt Drake-Equatioun.