![]() | |
Koordinaten | 5°22'48"S, 68°21'36"W |
---|---|
Duerchmiesser | 173 km |
Déift | 2.700 m |
Selenographesch Längt | 67° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Francesco Maria Grimaldi |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ18 |
De Krater Grimaldi ass a grousse Baseng an déi donkelst Plaz op der viischter Äerdmoundsäit. Hie läit um westleche Moundrand beim Oceanus Procellarum an ass en alen Aschlagbaseng vun 220 km Duerchmiesser an ass ronn 2.700 m déif. Seng kreesronn Mëtt (150 km) ass mat ganz donkeler Lava bedeckt.
De Rampli ronderëm mat 430 km Duerchmiesser ass deelweis erhalen.
De Krater gouf am Joer 1935 nom italieeneschen Astronom Francesco Maria Grimaldi genannt. Hie mécht mat de bal gläichgrousse Kratere Riccioli an Hevelius e gläichsäitegen Dräieck.