Den Hubble Guide Star Catalog, kuerz GSC, ass en ëmfangräiche Stärekatalog an zwéin Deeler.
Am zweeten Deel, dem GSC-II, sinn d'Stäre mat Faarfindex, Plaz an Hellegkeet verzeechent, méi wéi zwanzegmol souvill wéi am éischten Deel, dem GSC-I. Dëse Katalog, deen 1989 an éischter Linn fir d'Ausriichtung vum Hubble-Weltraumteleskop opgestallt gi war, war – an nëmmen enger Faarf – komplett bis zu der 15. Stäregréisst, deen neien awer reecht bis zu der 19. Fir de GSC-I ware 1.400 historesch Fotoplacken digitaliséiert ginn, fir de GSC-II nach 4.400 weider Placken, déi op der Nord- a Südhallefkugel nei opgeholl goufen.
Bal eng Milliard Stären a Galaxië sinn an der aacht Terabyte grousser Datebank enthalen. Nieft Hubble bedénge sech och vill Groussteleskopen op der Äerd dem GSC senger, an d'Date selwer stellen eng stellarstatistesch Fondgrouf duer.