Gum-Katalog

De Gum-Katalog ass en astronomesche Katalog mat 84[1] Emissiounsniwwel op der südlecher Hemisphär. Hie gouf um Mount Stromlo Observatoire duerch den australeschen Astronom Colin Stanley Gum (1924-1960) op Basis vun Date vu Wäitwénkelfotografie zesummegestallt.

De Gum hat säi Wierk am Joer 1955 an enger Studie mam Titel A study of diffuse southern H-alpha nebulae publizéiert, deen eng Zesummestellung vu Niwwelen oder Associatioune vun Niwwelen ass. Änlech Zesummestellunge sinn de Sharpless-Katalog an den RCW-Katalog, woubäi entspriechend vill Objeten an dësen och opgefouert sinn.

De Gum-Niwwel ass nom Colin Stanley Gum genannt, deen och vun him entdeckt gouf an am Gum-Katalog d'Nummer 12 dréit. Et ass en Emissiounsniwwel an de südleche Stärebiller Vela an Puppis.

  1. The Gum Catalog at Galaxy Map Archivéiert de(n) 16.07.2013. Gekuckt de(n) 06.06.2013.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne