Hans Nielsen | |
---|---|
Gebuer |
30. November 1911 Hamburg |
Gestuerwen |
11. Oktober 1965 Berlin |
Doudesursaach | Leukemie |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Synchronspriecher, Filmschauspiller |
![]() |
Den Hans Albert Nielsen, gebuer den 30. November 1911 zu Hamburg, a gestuerwen den 11. Oktober 1965 zu Berlin, war en däitsche Schauspiller.
Den Hans Nielsen hat am Joer 1932 säin éischten Optrëtt op der Bün vun den Hamburger Kammerspiele. Duerno krut hien Engagementer am Theater zu Augsburg, Kiel, Leipzig, Berlin, München an Düsseldorf.
Säin éischte Film war am Joer 1937 Daphne und der Diplomat vum Robert A. Stemmle. Duerno war hien an iwwer 140 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.
Den Hans Nielsen huet duerch säin Ausgesinn ëmmer méi al gewierkt, wéi hien a Wierklechkeet war. En ass am Alter vun nëmmen 53 Joer u Leukemie gestuerwen.