![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hans Behrendt | |
---|---|
Gebuer |
28. September 1889 Berlin |
Gestuerwen |
14. August 1942 KZ Auschwitz |
Nationalitéit | Däitscht Räich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur |
![]() |
Den Hans Behrendt, gebuer den 28. September 1889 zu Berlin, a gestuerwen de 14. August 1942 am KZ Auschwitz, war en däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
De Behrendt hat als Schauspiller 1911 säin éischten Optrëtt am Theater an 1919 beim Film. Säin éischte Film als Regisseur Alt-Heidelberg hat 1923 seng Première am Kino.
Hien ass 1938 op Bréissel emigréiert gouf awer 1940 vun der belscher Police zesumme mat anere jiddeschen Emigrante verhaft. Hie koum an e franséischt Lager a vun do gouf hien 1942 an de KZ Auschwitz deportéiert wou hien och gestuerwen ass.