Helmut Schmidt

Helmut Schmidt
Gebuertsnumm Helmut Heinrich Waldemar Schmidt
Gebuer 23. Dezember 1918
Hamburg
Gestuerwen 10. November 2015
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Hamburg
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Fonctionnaire, Saachbuchauteur, Schrëftsteller, Staatsmann, Editeur, Minister
Partei Sozialdemokratische Partei Deutschlands
Fonctioun Europadeputéierten, Deputéierten am Bundestag, Bundeskanzler (Däitschland), Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag, Deputéierten am Bundestag
Member vun American Academy of Arts and Sciences
(2001)

Den Helmut Heinrich Waldemar Schmidt, gebuer den 23. Dezember 1918 zu Hamburg, an och do gestuerwen den 10. November 2015, war en däitsche Politiker (SPD). Hie war vun 1974 bis 1982 de fënnefte Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland.

De Schmidt gouf 1961 Senator fir d'Police zu Hamburg a gouf an där Funktioun bei der Stuermflut 1962 als Krisemanager ganz populär. Vun 1967 bis 1969 war hie Fraktiounspresident vun der SPD am Bundestag, dem federale Parlament, 1969 bis 1972 Verdeedegungsminister ënner dem Kanzler Willy Brandt an 1972 fir en halleft Joer zousätzlech Minister fir Ekonomie a Finanzen, dunn, bis 1974, Finanzminister. 1974 gouf en zum Bundeskanzler gewielt. Am spéide Summer 1982 ass d'Koalitioun vun SPD an FDP auserneegebrach, a bei de Walen duerno krut d'CDU mam Helmut Kohl un der Spëtzt déi meescht Stëmmen, deen da säin Nofollger als Kanzler gouf.

Zanter 1983 war den Helmut Schmidt Co-Editeur vun der Wochenzeitung Die Zeit.

Vun 1942 bis zu hirem Doud 2010 war hie mat der Loki Glaser bestuet. Hir Duechter Susanne gouf 1947 gebuer.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne