Henri Verneuil | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Achod Malakian, Աշոտ Մալաքեան |
Gebuer | 15. Oktober 1920 |
Gestuerwen |
11. Januar 2002 Bagnolet |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Arts et Métiers ParisTech |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmregisseur, Ingenieur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Regisseur |
Member vun | Académie des beaux-arts |
Famill | |
Bestuet mat | Françoise Bonnot |
Kanner | Gaya Verneuil |
![]() |
Den Henri Verneuil, gebuer als Achod Malakian de 15. Oktober 1920 zu Rodosto an der Tierkei, a gestuerwen den 11. Januar 2002 zu Paräis, war e franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur vun armeenescher Ofstamung.
Am Alter vu 4 Joer huet den Henri Verneuil musse mat sengen Elteren aus Armenien a Frankräich flüchten.
Hien huet no 1944 eng kuerz Zäit als Journalist geschafft, duerno huet hie sech beim Film lues a lues eropgeschafft.
No enger Partie Filmer hat hien am Joer 1959 mat dem Film La vache et le prisonnier mat dem Fernandel an der Haaptroll e ganz grousse Succès.
Hien huet mat Acteure wéi Jean Gabin, Bourvil, Jean-Paul Belmondo an Alain Delon Filmer gedréint, déi bei de Spectateure gutt ukomm sinn.