Herschel (Moundkrater)

Herschel
Koordinaten 5°41'24"S, 2°5'24"W
Duerchmiesser 39,1 km
Déift 3.330 m
Selenographesch Längt 3° bei Sonnenopgank
Genannt no Wilhelm Herschel
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ19


De Moundkrater Herschel

Den Herschel ass en Aschlagkrater nërdlech vum 153 Kilometer grousse Krater Ptolemaeus. An der nërdlecher Ëmgéigend leien d'Kratere Gyldén, Spörer a Flammarion. Dee leschte grenzt un de Sinus Medii.

Obwuel de westleche Rampli e riichten Ofschnëtt huet, ass de Kraterrand vum Herschel zimmlech kreesfërmeg. Hien huet e wéineg erodéierte Grat. Tëschent der Kraterkant an dem Zentralbierg ass de Rampli terrassefërmeg.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne