Hexaedrit

Hexaedritten sinn eng Klass vun Néckeleisenmeteoritten, déi beim Uschlëff an Unäetzen eng reng parallel Linn opweisen. Dës Linne ginn Neumann-Linnen genannt. Hexaedritte bestinn bal nëmmen aus der néckelaarmer Eiselegierung Kamazit mat 5-6 % Néckel[1] Si weisen am Ënnerscheed zu den Oktaedritte keng Widmanstätten-Struktur.

Déi strukturell Ënnerdeelung vun Néckeleisemeteoritten an Hexaedritte, Oktaedritte an Ataxitte orientéiert sech un hirer Textur beim Uschlëff an Unäetzen an dem dominéierendem Mineral.

  1. J. T. Wasson, Meteorites. Springer-Verlag 1974.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne