Horde

Horde (fréieren Numm : Beheadoth) ass e Metal-Projet aus Australien dat 1994 vum Jayson Sherlock gegrënnt gouf. Hien ass hautdesdaags och nach als Ex-Drummer vu Paramaecium a Mortification bekannt.

D'Zil vum Jayson Sherlock war et eng chrëschtlech Alternativ zur staark satanesch an antichrëschtlecher Black-Metal-Zeen ufanks vun de 90er ze schafen.

Musikalesch ass Horde mam norwegesche Black Metal vun de fréie 90er ze vergläichen, mais den Albumtitel, d'Liddtitelen an d'Uspillungen und de norwegesche Black Metal hunn eeben déi Zeen staark an Oprou bruecht. De Sherlock huet z. B. als Pseudonym "Anonymous" benotzt, wat un den Euronymous erënnert, dee Gittarist vu Mayhem war. Säin eigentlecht Zil war et awer sou laang wéi méiglech anonym ze bleiwen.

Den Albumtitel war "Hellig Usvart", wat "Holy Unblack" heescht an eng Uspillung op den Unholy Black Metal vun Darkthrone war; Horde sollt de lyresche Géigendeel vun hinnen duerstellen. Duerch die anti-satanesch a chrëschtlech Texter huet Horde e groussen Haass vu Säite vun der norwegescher Black Metal Zeen op sech gezunn.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne