Howard Vernon | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Mario Walter Lippert |
Gebuer |
15. Juli 1908 Baden-Baden |
Gestuerwen |
25. Juli 1996 Issy-les-Moulineaux |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Schwäiz, Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher |
![]() |
Den Howard Vernon, gebuer als Mario Walter Lippert de 15. Juli 1914 zu Baden-Baden, a gestuerwen de 25. Juli 1996 zu Issy-les-Moulineaux, am Departement Hauts-de-Seine, war e Schwäizer Schauspiller.
Den Howard Vernon huet an iwwer 190 TV- a Kinosfilmer matgespillt.
Seng Schauspillercarrière huet hie mam Film Boule de suif (1945) vum Christian-Jaque, no engem Roman vum Guy de Maupassant ugefaangen. 1947 hat hien eng Haaptroll am Film Le silence de la mer vum Jean-Pierre Melville, Hie war besonnesch am Kino an Niewerollen ze gesinn an dat a bedeitende Filmer wéi Si Versailles m'était conté... (1954) vum Sacha Guitry, Napoléon (1955) och vum Sacha Guitry, Die 1000 Augen des Dr. Mabuse (1960) vum Fritz Lang, Alphaville, une étrange aventure de Lemmy Caution (1965) vum Jean-Luc Godard mam Eddie Constantine, Love and Death (1975) vum Woody Allen an am Joer 1991 Delicatessen vum Jean-Pierre Jeunet a Marc Caro.
Vun den 1960er Joren un huet hien an iwwer 30 Filmer vum spuenesche Filmregisseur Jesús Franco matgespillt. Des Filmer mat engem klenge Budget waren haaptsächlech Horrorfilmer, Vampirfilmer an erotesch Filmer mat meeschtens deene selwechte Schauspillerinne wéi Soledad Miranda, Anne Libert, Britt Nichols a Lina Romay.
Am Joer 1988 hat hien och eng Roll am Kuerzfilm Somewhere in Europe vum lëtzebuergesche Filmregisseur Pol Cruchten.