IOS

Logo vum iOS zënter 2017.

iOS ass e mobille Betribssystem vun der US-amerikanescher Entreprise Apple fir Apparater wéi den iPhone an den iPod touch. E baséiert op macOS.

Am September 2019 gouf d'Variant fir den iPad als eegestännegen iPadOS vun iOS getrennt. Och d'Betribssystemer vun aneren Apple-Apparaten, wéi der Apple Watch oder dem Apple TV, baséieren op iOS.

iOS ass no Android deen am zweetheefegsten installéierte mobille Betribssystem op der Welt, mat engem Maartundeel vu ronn 25%.[1]

Am Géigesaz zur Konkurrenz vun Apple, déi hiren eegene Betribssystem och dacks un aner Produzente lizenzéiert, gëtt iOS nëmmen op den Apparater vun Apple agesat.

  1. techrepublic.com: iOS vs Android Market Share: Do More People Have iPhones or Android Phones? vum Lance Whitney (25. Juli 2024)

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne