ISO 639 ass en internationale Standard vun der International Organization for Standardization (ISO) deen d'Codë fir d'Representatioun vun de Sproochennimm ((en) language codes) definéiert. D'Sproochen hunn en eendeitege Code vun 2, 3 oder 4 Buschtawen; zum Beispill de
, ger
an deu
si mam Däitschen associéiert.
Déi an der Norm definéiert Codë ginn ë. a. an der Lexikographie, der Linguistik, de Bibliothéiken, den Informatiounsdéngschter an am Datenaustausch gebraucht. Se gi benotzt fir Sproochen an hir Identifikatioun an Dokumenter kloer unzeginn, goufen awer net als Ofkierzungen agefouert, well et ë. a. net ëmmer eng Änlechkeet tëscht dem Code an der Sprooch gëtt déi domat gemengt ass. De Code gëtt ëmmer mat klenge Buschtawe geschriwwen, fir e kloren Ënnerscheed tëscht dem Sproochecode an de Lännercode (grousse Buschtaf) no der ISO 3166 Norm ze maachen (z. B. LU
fir Lëtzebuerg).
D'ISO-639-Sproochcodë begräifen natierlech Sproochen a Plangsproochen, awer keng Codë fir d'Maschinneveraarbechtung wéi z. B. Programméiersproochen.