D'Ilias ass en Eepos, deen am 8. Joerhonnert v. Chr. vum griicheschen Dichter Homer geschriwwe gouf. Si ass bis haut ee vun de bedeitendste Wierker vun der Weltliteratur an do derbäi och nach dat eelst.
De kompletten Eepos ass a Versform verfaasst ginn. D'Ilias besteet am Ganzen aus 15693 Verser. D'Metrik vun deene Verse gëtt am Allgemengen als daktyleschen Hexameter bezeechent.