Isaac Roberts | |
---|---|
Gebuer | 27. Januar 1829 |
Gestuerwen | 17. Juli 1904 |
Nationalitéit | Wales, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Astronom, Ingenieur, Fotograf |
Member vun | Royal Society |
Den Isaac Roberts, gebuer de 27. Januar 1829 zu Groes, Denbighshire, Wales, a gestuerwen de 17. Juli 1904 zu Crowborough, Sussex, England, war e waliseschen Astronom an e Pionéier um Gebitt vun der Fotografie vun astronomeschen Niwwelen. Hie war Member vun der Liverpool Astronomical Society an der Royal Geological Society. De Roberts gouf 1895 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society geéiert.