Den Istituto Nazionale di Statistica (ISTAT) ass en ëffentlechen italieenesche Fuerschungsorganissem dee sech mat der Statistik an der Demographie an Italie beschäftegt.
E gouf am Joer 1926 gegrënnt. En ass ënner anerem fir d'Duerchféiere vun der Vollekszielung zoustänneg. An Italie gëtt et ausser de statisteschen Ämter vun den autonome Provënze Südtiroul an Trentino nëmmen deen een nationalen Institut.