J Harlen Bretz | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 2. September 1882 |
Gestuerwen | 3. Februar 1981 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of Chicago |
Aktivitéit | Geolog, Universitéitsprofesser |
![]() |
Den J Harlen Bretz[1],gebuer den 2. September 1882 zu Saranac am Michigan, a gestuerwen den 3. Februar 1981 zu Homewood am Illinois, war en US-amerikanesche Geolog, deen duerch seng Fuerschungen an den Channeled Scablands bekannt gouf. Seng Fuerschungen haten als Resultat d'Unerkennung vun der Theorie vu groussen Iwwerschwemmungen an Nordwest-Amerika, déi sougenannt Missoula-Fluten, um Enn vun der leschter Äiszäit.
Hien huet e Wierk iwwer d'Form an den Urspronk vu Karsthiele geschriwwen, an eng ausféierlech Beschreiwung vun den Hielen aus dem Missouri, The Caves of Missouri.