Jacques Collin de Plancy | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
30. Januar 1794 Plancy-l'Abbaye |
Gestuerwen |
13. Januar 1881 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
![]() |
De Jacques Albin[1] Simon Collin de Plancy, gebuer zu Plancy (haut: Plancy-l'Abbaye) an der Aube (Frankräich), den 30. Januar 1794 (dem Senninger (1976) an Delmas (2010) no[2]) oder den 28. Januar 1793 (no anere Quellen[3]), a gestuerwen zu Paräis, den 13. Januar 1881 (no Delmas (2010)[4]) oder de 26. Januar 1881 (no verschiddenen Zeitunge vun deemools[5]), war e franséische Libraire, Editeur a Schrëftsteller.[6]
De Jacques Collin de Plancy war de Fils vum Edmé-Aubin Collin, "fabricant de bas", a vun der Marie-Anne Danton. Säi richtegen Numm war also einfach Jacques Collin. Hien huet méi spéit säi Familljennumm anobléiert andeems en den Numm vu sengem Gebuertsuert mat der Particule "de" drugehaangen huet.[6]
De Collin de Plancy, deen eng ganz Rëtsch vu Bicher, deelweis an e puer Editiounen, publizéiert huet, ass besonnesch bekannt fir säin Dictionnaire infernal, deem seng éischt Editioun 1818 erauskomm ass. Aus Lëtzebuerger Siicht ass säi Buch Légendes des artistes (1842) ervirzehiewen, well doran d'Legend vum Laange Väit erzielt gëtt.[7] Den Titel vun der drëtter Editioun, Le Ménétrier d'Echternach et quelques autres légendes d'artistes (1853), weist méi explizit dorophin.
De Jacques Collin huet eng Hellewull vu Pseudonymme benotzt, z. B. Paul Béranger, le R. P. Coquelardon, Jacques de Saint-Albin, Jean de Sept-Chênes, le Neveu de mon oncle, baron Jacques de Nilinse, etc.[8]
Am Ufank vu senger publizistescher Carrière war hie ganz kloer antiklerikal agestallt a vun der Philosophie vun der Opklärung ageholl, wat mat sech bruecht huet, datt seng Wierker 1827 vun der kathoulescher Kierch op den Index gesat gi sinn. Am Laf vun den 1830er Jore fänkt hien awer un, dës Haltung a Fro ze stellen an 1841 bekennt hie sech ëffentlech zu der kathoulescher Relioun.[6] Déi drëtt Editioun vu sengem Dictionnaire infernal (1844) ass och deementspriechend mat der Approbatioun vum Äerzbëschof vu Paräis erauskomm.
Ëm 1815 hat de Collin de Plancy eng vu senge Kusinnen, d'Clotilde Marie Paban, bestuet. Si huet sech ënner dem Pseudonym Marie d'Heures en Numm als Schrëftstellerin gemaach.[9]
Aus engem zweete Mariage hat hien e Fils, de Victor Collin de Plancy (1853-1922), deen eng Carrière als Diplomat gemaach, awer och Artikelen iwwer Insekten a Reptilien, déi a Frankräich virkommen, publizéiert huet.[10]