Jacques Perrin | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Jacques-André Simonet |
Gebuer |
13. Juli 1941 14. Arrondissement |
Gestuerwen |
21. Abrëll 2022 17. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Conservatoire national supérieur d'art dramatique |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Lauschterbuchspriecher, Theaterschauspiller, Schauspiller |
Member vun | Académie des beaux-arts |
![]() |
De Jacques Perrin, gebuer als Jacques André Simonet den 13. Juli 1941 zu Paräis, an och do gestuerwen den 21. Abrëll 2022 , war e franséische Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
Mat 15 Joer huet hie schonn zu Paräis Theater gespillt.
Am Joer 1960 krut hie seng éischt Haaptroll am Film La ragazza con la valigia vum Valerio Zurlini.
Mat Regisseure wéi Costa-Gavras, Claude Chabrol, Jacques Demy a Pierre Schoendoerffer huet e sech séier en Numm als Schauspiller gemaach.
Mat dem Film Z vum Costa-Gavras huet hie säin éischte Film produzéiert.
Ganz bedeitend Dokumentarfilmer wéi Microcosmos a Le peuple migrateur si vum Jacques Perrin produzéiert ginn. Am Film Le peuple migrateur huet hien och Regie gefouert.
Mat dem Film Les Choristes hat hien am Joer 2004 den erfollegräichste franséische Film vum Joer produzéiert. De Jacques Perrin ass de Monni vum Christophe Barratier, Regisseuer vum Film Les Choristes.
De Jacques Perrin ass de Brudder vun der Schauspillerin Eva Simonet, de Papp vum Schauspiller a Filmregisseur Mathieu Simonet an de Papp vum Schauspiller Maxence Perrin.