James E. Gunn | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 21. Oktober 1938 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | California Institute of Technology |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun |
![]() |
Den James Edward Gunn, gebuer den 21. Oktober 1938, ass en US-amerikaneschen Astrophysiker. Hien ass Eugene Higgins Professor of Astronomy op der Princeton Universitéit.
De Gunn hat 1966 um California Institute of Technology zum Ph.D. promovéiert.
Hien huet iwwer Galaxiëgenesis an Donkel Matière gefuerscht an huet Pläng fir den Asaz vun Digitalkamerae fir d'astronomesch Fuerschung entwéckelt, e Projet, deen zum Sloan Digital Sky Survey gefouert huet.
De 17. Oktober 1970 huet hien de kuerzperiodesche Koméit 65P/Gunn entdeckt.[1]