James Last | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Hans Last |
Pseudonym | James Last, Hansi |
Gebuer |
17. Abrëll 1929 Bremen |
Gestuerwen | 9. Juni 2015 |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Jazzmuseker, Pianist, Bandleader, Liddermécher, Filmkomponist, Arrangeur, Schauspiller, Museksproduzent, Museker, Sänger |
![]() |
Den James Last, gebuer de 17. Abrëll 1929 zu Bremen, a gestuerwen den 9. Juni 2015 a Florida, fir richteg Hans Last, war en däitsche Bandleader, Komponist, Arrangeur a Museksproduzent.
Hien huet, mat sengem 40-Mann-Orchester de sougenannten „Happy Sound“ entwéckelt, deen zum musikalesche Stil vum Easy Listening gehéiert, a mat deem e vun der Mëtt vun den 1960er Joren un zwee Joerzéngter grousse Succès hat. Zäitweis ware bei Polydor Deutschland bal 30 % vun de Placken, déi se verkaaft hunn, där vum James Last.
Eng Kompositioun vum James Last gouf absënns zu Lëtzebuerg a ronderëm bekannt: Et war dëst Happy Luxembourg, dat eng Zäit laang den Indicatif vun den däitschsproochege Radiosemissioune vun RTL, de Fröhliche Wellen, war.