Jean Poiret | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Jean Gustave Poiré |
Gebuer |
17. August 1926 14. Arrondissement |
Gestuerwen |
14. Mäerz 1992 Suresnes |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Regisseur, Filmproduzent, Dramatiker, Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Françoise Dorin, Caroline Cellier |
![]() |
De Jean Poiret, gebuer als Jean Gustave Poiré de 17. August 1926 zu Paräis, an och do gestuerwen de 14. Mäerz 1992, war e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Film- an Theaterregisseur an Auteur vum Theaterstécker.
De Jean Poiret an de Michel Serrault si wärend Joren als Duo mat hire Sketcher am Theater a spéider si och zesummen am Film opgetrueden. De Poiret huet a Filmer vu bekannte Regisseure wéi Sacha Guitry, Henri Verneuil, Michel Boisrond, François Truffaut, Claude Chabrol a Claude Pinoteau matgespillt.Besonnesch interessant a senger Filmcarrière sinn awer déi aacht Filmer an deenen hien ënner der Regie vum Jean-Pierre Mocky eng Roll iwwerholl hat.
De Jean Poiret war an engem éischte Mariage mat der Schrëftstellerin Françoise Dorin bestuet. 1989 huet hie sech du mat der Schauspillerin Caroline Cellier bestuet.