Jean-Pierre Mocky | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Jean-Paul Adam Mokiejewski |
Gebuer |
6. Juli 1929 Nice |
Gestuerwen |
8. August 2019 7. Arrondissement |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Conservatoire national supérieur d'art dramatique |
Aktivitéit | Filmediteur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Véronique Nordey, Patricia Barzyk |
Kanner | Stanislas Nordey, Olivia Mokiejewski |
![]() |
De Jean-Pierre Mocky, gebuer als Jean-Paul Adam Mokiejewski de 6. Juli 1933 zu Nice, an och do gestuerwen den 8. August 2019, war e franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Schauspiller.
Am Joer 1944 huet de Jean-Pierre Mocky seng Carrière als Schauspiller mam Film Vive la liberté vum Jeff Musso ugefaangen. Seng éischt Aarbecht als Regisseur war am Joer 1959 de Film Les dragueurs mam Jaques Charrier a Charles Aznavour.
Bedeitend Filmer vun him als Regisseur sinn Un drôle de paroissien (1963) mam Bourvil a Francis Blanche, La grande frousse oder och nach La cité de l'indicible peur (1964) erëm mam Bourvil a mam Jean-Louis Barrault, dann Les compagnons de la marguerite, (1967) mam Claude Rich a Michel Serrault weider dann nach La grande lessive (1969) mat erëm dem Bourvil an dem Francis Blanche.