Jean Ensch

Jean Ensch
Gebuer 23. Mee 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Genealog
Member vun Luxembourg American Cultural Society, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal

De Jean Ensch, gebuer den 23. Mee 1953, ass e lëtzebuergeschen Historiker a Genealogie-Fuerscher.

Hien huet seng berufflech Carrière bis 2014 am Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg gemaach.[1]

Seng Fuerschungstheeme si virun allem d'Lëtzebuerger Auswanderung an d'USA, an déi domat verbonne genealogesch Fuerschungen.

De Jean Ensch war Grënnungs- a Comitésmember (an 10 Joer Vizepresident) vun der Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique; ass Comitésmember vun der Luxembourg American Cultural Society am Wisconsin, un där hirer permanenter Ausstellung Roots and Leaves hie matgeschafft huet. Hien ass och Comitésmemeber vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal, an zanter 2011 hire President.

Hien huet eng ganz Rëtsch Publikatiounen zum Theema Auswanderung gemaach, a war ë. a. Mat-Auteur vun der Neieditioun vum Nicholas Gonner sengem Die Luxemburger in der Neuen Welt, woufir en de Persounen- an Uertschaftsregëster vum Gonner senger Zeitung Luxemburger Gazette (1872-1918) ausgeschafft hat.

Ausserdeem huet hien am Kader vum Kulturhaaptstadsjoer 2007 eng Ausstellung zum Theema Luxembourg-USA. A Story of Migration op Ellis Island, bei New York, matorganiséiert.

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Fiche Jean Ensch op luxracines.lu; nogekuckt: 03.01.2023.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne