Jean Werner | |
---|---|
Gebuer |
26. Juli 1941 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 22. Oktober 2017 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Stater Jongelycée, Universitéit vun Nanzeg, Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Jurist, Botaniker, Zaldot |
Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois |
Famill | |
Papp | Pierre Werner |
![]() |
De Jean Werner, gebuer de 26. Juli 1941 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 22. Oktober 2017[2], war e lëtzebuergesche Jurist a Botaniker.
De Jean Werner war e Spezialist vun de Moosplanzen (Bryophyten). Hien huet ronn 100 wëssenschaftlech Aarbechten iwwer den Inventaire, d'Kartéierung an d'Rout Lëschte vun de Mooser zu Lëtzebuerg an och an Däitschland an a Frankräich publizéiert.
Donieft huet hie sech fir den Naturschutz engagéiert. Vun 1989 bis 2012 war hie President vun der Mëllerdallkommissioun vum Ëmweltministère.
Hie war Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal. Vun 1985 bis 2002 war hie Vizepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois.
De Jean Werner war mat der Marie-Louise Braun bestuet a Papp vun zwee Kanner. Hie war de Jong vum Pierre Werner.