Jeremiah P. Ostriker | |
---|---|
Gebuer |
13. Abrëll 1937 New York |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, University of Chicago |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Philosophical Society, Royal Society, International Astronomesch Unioun |
![]() |
Den Jeremiah Paul Ostriker, gebuer den 13. Abrëll 1937 zu New York[1], ass en US-amerikaneschen Astrophysiker.
Den Ostriker hat op der Harvard Universitéit studéiert an huet 1964 beim Subrahmanyan Chandrasekhar op der University of Chicago zum Ph. D. promovéiert. Vun 1971 bis 1995 war hie Professer op der Princeton Universitéit. Vun 2001 bis 2003 war hie Plumian Professor op der University of Cambridge. Duerno koum hien op Princeton zeréck.