Jeunesse Esch

Jeunesse Esch
Jeunesse Esch
Offiziellen Numm: Association Sportive la
Jeunesse d'Esch/Alzette
Veräinsfaarwen: Schwaarz-Wäiss
Grënnung: 13. August 1907
Stadion: Stade de la Frontière,
Esch-Uelzecht
Plazen: 5 090
President: Marc Theisen
Trainer: Marc Thomé
Saison: 2023/24
Positioun: 5. Plaz
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

D'Jeunesse Esch (offiziell A.S. la Jeunesse d'Esch/Alzette) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Esch-Uelzecht. De Veräi gouf den 13. August 1907 als Football and Lawntennis Club Jeunesse de la frontière Esch/Alzette gegrënnt. 1920 krut de Club säin haitegen Numm.

D'Escher Jeunesse ass ee vun den eelsten, a mat ee vun de renomméiertste Lëtzebuerger Foussballclibb. D'Jeunesse war vun Ufank un am nationale Championnat mat dobäi (éischt Saison 1909/10) an huet bis op e puer seele Kéieren an der ieweschter Divisioun gespillt.[1] Zanter der Saison 1949/50 ass de Club ouni Ënnerbriechung éischtklasseg gewiescht a war zum dackste mat virbäi am Championnat. D'Jeunesse ass mat zolittem Virsprong Lëtzebuerger Rekordmeeschter.[2]

D'éischt Veräinsekipp war bis ewell 28-mol Champion a koum 12-mol op eng zweet Tabelleplaz. Déi Escher stoungen och 23-mol an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an hu se dovun 12-mol gewonnen. Nëmmen de fréieren Déifferdenger Veräin d'Red Boys huet d'Coupe nach méi dacks (15x) mat heem geholl. Am Ganzen huet d'Jeunesse aachtmol den Doublé (Champion a Coupe) gemaach, och dat ass en nationale Rekord.

Wéinst de sëllege Champions- a Coupetitelen huet de Club dacks a reegelméisseg op europäeschem Niveau gespillt an huet och do sou munnech gutt Resultater opweises.

De Succès an der Zäit, déi formidabel sportlech Evolutioun déi de Veräin hanner sech huet, ass och den historesche Verdéngscht vun den italieenesche Schmelzaarbechter aus de Quartieren Hiehl a Grenz déi mat der Jeunesse, sief et als Supporter oder Spiller, hir kleng Juve zu Esch haten. Bei de Lokalmatcher géint d'Fola Esch, déi éischter dem Patronat no war -d'Fola ass de "Manchetteclub" genannt ginn- ass et an der Zäit dann och ëmmer ëm eppes méi wéi nëmmen de Foussball gaangen.

2007 huet d'Jeunesse hir honnert Joer gefeiert. Um sportleche Plang sollt d'Saison 2006/07 dunn awer éischter e Krisejoer ginn. Nodeem déi Escher 2005/06 nach Coupefinalist a Vizechampion waren, war d'Jeunesse géint Enn der Saison éischter um Wupp vun der Tabell ze fannen, drop an drun an d'Relegatioun géint den Drëttplazéierten aus der Éierepromotioun ze missen an domat ze riskéiere fir d'éischt Kéier zanter 1948 aus der Nationaldivisioun erauszetrëllen.[3]. Et ass herno dunn awer nach fir eng 9. Plaz duergaangen, nodeem déi Schwaarz-Wäiss sech an der Schlussphas ferm erkritt haten (véier Victoiren, ee Remis an nëmmen eng Nidderlag an de leschte sechs Matcher).

D'Jeunesse spillt am Stadion Op der Grenz (Stade de la Frontière). De Stade gouf 1920 gebaut an ass fir international Matcher zougelooss.

De Stadion op der Grenz
  1. 1911 huet d'Jeunesse kee Championnat gespillt, d'Joer drop ass de Veräin du vun der Klass B aus gestart a koum op eng zweet Tabelleplaz. D'Ekipp konnt awer eréischt erëm 1914 iewescht Divisioun spillen, well d'Championnat 1913 ausgefall ass. Zweetklasseg waren déi Schwaarz-Wäiss nëmmen nach 1918, 1931 bis 1933, 1946, a fir d'lescht dunn 1949. Den zweete Weltkrich iwwer huet keen nationaalt Championnat däerfen organiséiert ginn, d'Jeunesse huet awer tëscht 1941-44 als SV Schwarz-Weiss 07 Esch an der Gauliga Moselland matgespillt a war 1943/44 éischt an der Staffel West. Quell: [1] (2007)
  2. Hanner der Jeunesse läit, der Zuel vun de Championstitelen no, d'Spora (zanter 2005 Deel vum RFCUL) mat 11 éischte Plazen. Vun den aktiven, net zu neie Clibb fusionéierte Veräiner, waren den F91 Diddeleng an den Avenir Beggen allenzwee bis d'Saison 2006/07 matabegraff sechsmol Lëtzebuerger Champion.
  3. Artikel: Esch get that sinking feeling op uefa.com

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne