John Huston

John Huston
Gebuer 5. August 1906
Gestuerwen 28. August 1987
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun Art Students League of New York,
Hollywood High School
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Charakterschauspiller, Regisseur
Partei Republican Party
Member vun WGA West
Famill
Bestuet mat Evelyn Keyes, Enrica Soma
Papp Walter Huston
Kanner Tony Huston, Anjelica Huston, Danny Huston, Allegra Huston

Den John Huston, gebuer als John Marcellus Huston de 5. August 1906 zu Nevada, Vernon County, Missouri, a gestuerwen den 28. August 1987 zu Middletown, Rhode Island, war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Schauspiller.

1929 huet den Huston seng Carrière am Kino ugefaange mam Film The Shakedown. Vun 1930 un huet hien och Dréibicher fir Filmer geschriwwen. Eréischt am Joer 1941 huet hie mat The Maltese Falcon säin éischte Film als Regisseur gedréint.

Am Zweete Weltkrich huet hien an der Filmofdeelung vun der U.S. Army geschafft. Hien huet do Dokumentarfilmer iwwer de Krich gedréint. Besonnesch bekannt ass de Film Let There Be Light, deen iwwer d'Behandlung vun duerch de Krich psychesch gestéierten Zaldoten handelt. Dëse Film gouf an den USA verbueden a war eréischt erëm am Joer 1982 um Festival vu Cannes an der Sektioun Un certain regard ze gesinn.

Als bekannt klassesch Filmer, an deenen hien d'Regie gefouert, ginn ëmmer genannt The Maltese Falcon (1941), mam Humphrey Bogart, Mary Astor a Peter Lorre, Key Largo (1948) mam Humphrey Bogart, Edward G. Robinson a Lauren Bacall an net ze vergiessen aus dem Joer 1948 The Treasure of the Sierra Madre, mam Humphrey Bogart a Walter Huston. Bedeitend sinn awer och verschidde méi nei Filmer vun him wéi The African Queen (1951) mam Humphrey Bogart a Katharine Hepburn, Heaven Knows, Mr. Allison (1957) mam Deborah Kerr a Robert Mitchum, de Western The Life and Times of Judge Roy Bean (1972) mam Paul Newman an Anthony Perkins an dann The Man Who Would Be King (1975) deen eleng schonn duerch seng Besetzung mam Sean Connery a Michael Caine onvergiesslech ass.

Den John Huston ass de Jong vum Schauspiller Walter Huston an de Papp vun der Schauspillerin Anjelika Huston an dem Filmregisseur a Schauspiller Danny Huston.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne