Johny Schleck | |
---|---|
Gebuer |
22. November 1942 Gréiwemaacher |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Kompetitiounsklass | Vëlossport op der Strooss |
Veräin/Ekipp |
Pelforth-Sauvage-Lejeune, Bic |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1964 |
Famill | |
Papp | Auguste Schleck |
Kanner | Andy Schleck, Fränk Schleck |
De Johny Schleck, gebuer den 22. November 1942 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Vëlossportler.
Den 22. Oktober 1964 ass hie bei den Olympesche Spiller zu Tokyo, nieft dem anere Lëtzebuerger Edy Schütz, am Vëlossport an der Course en Ligne ugetrueden. Ënner den 139 Coureuren aus 37 Länner um Depart, koum hien an där Course, déi iwwer eng Distanz vun 194,832 km (8 Ronne vun 24,354 km) gefuer gouf, op déi 19. Plaz. [1]
De Johny Schleck ass de Papp vun den zwéi Vëlossportler Fränk an Andy Schleck, säi Papp ass de Vëlossportler Auguste Schleck.