![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Joseph Mascolo | |
---|---|
| |
Gebuer |
13. Mäerz 1929 West Hartford |
Gestuerwen |
8. Dezember 2016 Santa Clarita |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of Miami |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller |
![]() |
Den Joseph Peter "Joe" Mascolo, gebuer den 13. Mäerz 1929 zu West Hartford am Bundesstaat Connecticut, a gestuerwen den 8. Dezember 2016 zu Santa Clarita am Bundesstaat Kalifornien, war en US-amerikaneschen Theater-[1] a Filmschauspiller. Hien huet seng Filmcarrière 1958 ugefaangen[2].
De Mascolo gouf gréisstendeels mat Rollen a Seefenopere bekannt[3], ënner anerem mat der Roll als Stefano DiMera, den Haaptantagonist an der Televisiounsserie Days of Our Lives[4],[5],[6],[7],[8].
Dräimol (1984, 1985, 1997) huet hien de Soap Opera Digest Award gewonnen. 2010 gouf de Mascolo och fir de Gold Derby Award als beschte Schauspiller an enger Nieweroll nominéiert[9].
Hie war och bekannt als Klarinettist[10].
Eng Strooss an der Uertschaft Ocilla (US-Bundesstaat Georgia) gouf zu Éiere vum Joseph Mascolo genannt[10].