Joseph Cotten | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Joseph Cheshire Cotten |
Gebuer | 15. Mee 1905 |
Gestuerwen |
6. Februar 1994 Los Angeles |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Autobiograph, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Radiosspeaker, Schauspiller |
Partei | CRP |
![]() |
Den Joseph Cotten, gebuer als Joseph Cheshire Cotten de 15. Mee 1905 zu Petersburg, Virginia, a gestuerwen de 6. Februar 1994 zu Palm Springs, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Als Schauspiller huet de Cotton an iwwer 130 Televisiouns- a Kinosfilmer matgewierkt.Hien huet an e puer Filmer vum Schauspiller a Regisseur Orson Welles matgespillt, sou a Citizen Kane aus dem Joer 1941. Bedeitend Western an deenen hien ze gesi war sinn Duel In The Sun (1946) vum King Vidor, The Last Sunset (1961) vum Robert Aldrich an nach Heaven's Gate (1981) vum Michael Cimino. Zu senge grousse Filmer zielen och nach Shadow Of A Doubt (1943) vum Alfred Hitchcock, Gaslight (1944) vum George Cukor, The Third Man (1949) vum Carol Reed an Niagara (1953) vum Henry Hathaway.