Josy Braun | |
---|---|
![]() | |
Pseudonym | de fiischen, cactus, -cactus-, j.b., jb, Jeff, JoB, Monni Jéis, Nekel |
Gebuer |
14. Januar 1938 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
4. August 2012 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Iwwersetzer, Journalist, Gewerkschaftler, Dichter |
Member vun | Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Association luxembourgeoise des journalistes, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Bestuet mat | Josée Klincker |
![]() |
De Josy Braun, gebuer de 14. Januar 1938 zu Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 3. August 2012[1],[2], war e lëtzebuergesche, Journalist a Schrëftsteller.
No der Primärschoul zu Biwer huet e seng Humanités gréco-latines an der Belsch, an der École apostolique vu Clairefontaine gemaach. Duerno Diktioun an Art dramatique zu Lëtzebuerg. Vun 1960 bis 1972 war hie Gewerkschaftssekretär [watereng Gewerkschaft], a vun 1972 bis 1991 Journalist. Duerno huet hien als fräie Schrëftsteller geschafft.
De Josy Braun huet Prosa, Lyrik, Theater, Cabaret, Radio-Spiller, Kannertheater a Kannerbicher op Lëtzebuergesch an och op Däitsch geschriwwen. En Deel vu senge Wierker goufen op Däitsch, Franséisch, Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Russesch iwwersat.
De Josy Braun war:
Hie gouf e puermol am Kader vum Nationale Literaturconcours ausgezeechent, a krut d'Sëlwerplackett vun der Actioun Lëtzebuergesch.