![]() | |
Verwaltung | |
---|---|
Land |
![]() |
Haaptstad | Neapel |
Provënzen |
Provënz Avellino Provënz Benevento Provënz Caserta Provënz Salerno Metropolstad Neapel |
Gemengen | 442 |
ISO | IT-72 |
Demographie/Geographie | |
Awunner | 5 827 949 |
Fläch | 13 590 km² |
![]() | |
Kampanien (it: Campania) ass eng italieenesch Regioun op der Westkust vun Italie mat knapps 5,9 Milliounen Awunner.
Si läit nordwestlech vum Latium, nordëstlech vu Molise, ëstlech vun Apulien, südëstlech vun der Basilicata a vum Tyrrhenesche Mier. Neapel ass d'Haaptstad vun der Regioun. Kampanien besteet aus de Provënzen Avellino, Benevento, Caserta, Salerno an aus der Metropolstad Neapel. Si huet eng Fläch vun 13.595 km². D'Majoritéit vun den Awunner konzentréiert sech op d'Ballungsgebitt vun Neapel. Domat ass Kampanien déi Regioun mat de meeschten Awuner pro Quadratkilometer, an no der Lombardei déi mat de meeschten Awunner.
Déi wichtegst Wirtschaftsecteure sinn den Ubau (d'Géigend ronderëm de Vesuv ass besonnesch fruchtbar) an d'Produktioun vun Iesswueren, de Wäibau an den Tourismus, virun allem zu Neapel, op Ischia, op der Amalfiküst an zu Capri.