Kant (Moundkrater)

Kant
De Moundkrater Zöllner (uewen lénks) a Kant (ënnen Mëtt), opgeholl vun Apollo 16 (NASA photo)
Koordinaten 10°37'12"S, 20°12'0"O
Duerchmiesser 30,85 km
Déift 3,1 km[1]
Selenographesch Längt 40° bei Sonnenopgank
Genannt no Immanuel Kant
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20


De Kant ass e klengen Aschlagkrater nordwestlech vum opfällege Krater Cyrillus a vum vergläichbar grousse Krater Ibn Rushd. Am Nordweste läit de Krater Zöllner an am Oste ginn d'Virbierger vu Mons Penck bis op eng Héicht vu 4.000 Meter.

De Kant huet e kloer ofgegrenzten a liicht ongläichméissege graff kreesfërmege Rand. Déi bannenzeg Wänn hu méi eng héich Albedo wéi d'Ëmgéigend. Deeler dovu sinn op de Fong gerutscht a bilden eng onreegelméisseg Uewerflächestruktur. Am Zentrum vum Krater ass eng niddreg Kopp.

De Krater gouf nom däitsche Philosoph Immanuel Kant genannt.[2]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2000
  2. Immanuel Kant: Ueber die Vulkane im Monde. In: Berlinische Monatsschrift. Bd. 1, 3. Stük, Mäerz 1785, S. 199–212 online.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne