D'Karpaten (tschech., slowak. a poln. Karpaty, ukrain. Карпати [Karpaty], rumän. Carpați, ongr. Kárpátok, serb. Карпати [Karpati]) sinn eng 1.300 km laang Kette vun héije Bierger a Mëttel-, Ost- a Südosteuropa, déi op enger Breet vun 100–350 bei Bratislava a Wien als Fortsetzung vun den Alpen ufänkt a bei de Flëss Morava, Nišava an Timok am Oste vu Serbien ophält. Dobäi erstrecken d'Karpate sech iwwer Deeler vun Éisträich, Tschechien, d'Slowakei, Ungarn, Polen, d'Ukrain, Rumänien a Serbien.
Dat héchst Massiv vun de Karpaten ass d'Héich Tatra (mam Gerlachovský štít, deem héchste Bierg vun der Slowakei mat enger Héicht vun 2.655 m iwwer dem Mier. Duerno kënnt d'Făgăraș-Massiv an de Südkarpaten (mat der Moldoveanu-Spëtzt, 2.544 m, dem héchste Bierg vu Rumänien).