Kirk Douglas

Kirk Douglas
Gebuertsnumm איסר דניאלאָוויטש, Issur Danielovitch Demsky, Iszur Danyielovics Gyemszkij
Gebuer 9. Dezember 1916
Amsterdam
Gestuerwen 5. Februar 2020
Beverly Hills
Nationalitéit USA
Educatioun American Academy of Dramatic Arts,
St. Lawrence University
Aktivitéit Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Auteur, Zaldot, Theaterschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Philanthrop, Militär, Schrëftsteller
Partei Democratic Party
Famill
Bestuet mat Diana Dill, Anne Buydens
Kanner Michael Douglas, Joel Douglas, Peter Douglas, Eric Douglas
De Kirk an d'Anne Douglas mam Ronald Reagan (Dezember 1987)

De Kirk Douglas, gebuer als Issur Danielowitsch Demsky den 9. Dezember 1916 zu Amsterdam (New York), a gestuerwen de 5. Februar 2020 zu Beverley Hills a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.

Hie war de Papp vum Schauspiller Michael Douglas.

Am Joer 1946 war de Kirk Douglas am Film The Strange Love of Martha Ivers vum Lewis Milestone fir d'éischt am Kino ze gesinn. Groussen Erfolleg hat hien an der Roll vun engem skrupellose Journalist am Film Ace in the Hole (1951), vum Billy Wilder. Eng vun den Haaptrollen nieft dem James Mason a Peter Lorre krut hien 1954 an der spektakulärer Jules Verne-Verfilmung 20,000 Leagues Under the Sea. vum Richard Fleischer. Den Antikrichsfilm Paths of Glory (1957) vum Stanley Kubrick deen am Éischte Weltkrich spillt gouf a Frankräich eréischt am Joer 1975 fir d'éischt gewise well d'Anciens Combattants géint de Film Stuerm gelaf sinn.

Duerno koumen 2 Western vum John Sturges Gunfight at the O.K. Corral (1957) a Last Train from Gun Hill (1958) beim Publikum gutt un. Groussen Erfolleg hat dunn och de geschichtlechen Abenteuerfilm The Vikings (1958) vum Richard Fleischer deen zum Deel an der Bretagne um Fort-La-Latte gedréint gouf.

Säi gréissten Erfolleg hat de Kirk Douglas mat sengem selwer produzéierte Film Spartacus (1960) ënner der Regie vum Stanley Kubrick an deem hien d'Haaptroll nieft dem Laurence Olivier, Jean Simmons, Charles Laughton a Peter Ustinov gespillt huet.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne