Kotor | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Montenegro |
Awunner | 961 |
1. Abrëll 2011 | |
Fläch | 335 km² |
Héicht | 635 m |
Koordinaten | 42°25'31,404"N, 18°46'16,288"O |
Postcode | 85330 |
Websäit | https://www.kotor.me |
![]() |
Kotor (serbesch-kyrillesch Котор, italieenesch Cattaro, lat. Acruvium) ass eng Hafestad am Montenegro, ronn 90 Kilometer vun Dubrovnik ewech. D'Stad ass de Sëtz vum kathoulesche Bistum Kotor. Kotor huet ronn 19.000 Awunner, d'Gemeng (inklusiv déi 13 Siidlunge ronderëm) 23.500 Awunner (2003). D'Stad läit um südëstlechen Enn vun der Bucht vu Kotor, déi déi bekanntst, an eng staark besichten touristesch Regioun am Montenegro ass. Dës Bucht mat villen Äerm gëtt dacks als déi südlechst Fjordlandschaft vun Europa bezeechent. Eng bis 1.700 Meter héich Biergkette bilt d'Réckkräiz vun dëser Bucht.