D'Kuer zu Charency-Vezin | |
An anere Sproochen |
fr: Chiers de: Korn |
---|---|
Längt | 112 km |
Debit | 30,6 m³/s |
Hydrographesche Baseng | Meuse-Baseng |
Fläch vum Baseng | 2.222 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Héicht | 340 m |
Koordinaten |
49° 30’ 14.2’’ N 05° 53’ 51.7’’ E |
Konfluenz | |
Leeft an | Meuse |
Plaz |
Bazeilles Remilly-Aillicourt |
Héicht | 151 m |
Koordinaten |
49° 39’ 31.0’’ N 4° 59’ 39.8’’ E |
Geographie | |
Land |
Lëtzebuerg Belsch Frankräich |
Regioun |
Minettsgéigend Gaume |
D'Kuer (och Kar, Kor oder Korn, Chiers op Franséisch; Korn op Däitsch) ass e Floss zu Lëtzebuerg, laanscht der Belsch an a Frankräich. Si ass en Niewefloss vun der Meuse.
D'Kuer entspréngt an der Gemeng Déifferdeng südlech vun Uewerkuer op enger Héicht vun 318 m, um Fouss vum Ronnebierg um Flouer Korspronk, a leeft dann a Richtung Norde bis op d'Biff tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng. Do béit se of no Westen, fir da weider laanscht Lénger a Péiteng bis op Rodange ze lafen. Zu Rodange leeft s'eriwwer a Frankräich, duerch Lonkech a Longuyon (Departement Meurthe-et-Moselle) a mécht bei Torgny (Gemeng Rouvroy) op e puer Kilometer d'Grenz mat der Belsch. Se leeft virun duerch Frankräich, laanscht Montmédy, (Departement Meuse) a Carignan (Departement Ardennes).
Op der Gemengegrenz vu Bazeilles mat Remilly-Aillicourt, no bei Sedan, leeft d'Kuer, no 112 km an d'Meuse.
Si ass ee vun de lëtzebuergesche Waasserleef, deen net zum Baseng vun der Musel gehéiert.