Kyklop

D'Kyklopen oder Zyklopen (vu gr. Kyklophthalmos fir Krees-A, verkierzt op Kyklop(h)) ware Rise mat nëmmen engem A op der Stier. Si waren d'Jonge vum Uranos an der Gaia: de Brontes, de Steropes an den Arges. Déi éischt Titane an d'Hekatoncheires waren hir Gesëschter.

Den Uranos huet d'Kyklope gehaasst an se ënner der Äerd agespaart. Si si vum Zeus befreit ginn, deen doropshin vun hinnen de Blëtz an den Donner kritt huet. D'Kyklopen hunn him och am Kampf géint d'Titanen (Titanomachie) gehollef.

Well den Zeus dem Apollo säi Jong Asklepios, deen eng Rei Doudeger erëm zum Liewen erwächt huet, mam Blëtz erschloen huet, bréngt den Apollo dunn d'Kyklopen ëm fir sech ze rächen.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne