D'Kyrillescht Alphabet oder d'Kyrilliza ass eng Buschtaweschrëft, déi a ville, virun allem ost- a südslawesche Sproochen an Europa an an Asien benotzt gëtt.
Si gouf am Alslaweschen an duerno am Kiercheslaweschen als Schrëftform benotzt. Nom 10. Joerhonnert huet et dat Glagolitescht Alphabet lues a lues ofgeléist a gouf d'allgemeng Schrëft vun den orthodoxe Slawen.
Den Numm vum Alphabet kënnt vum Slawenapostel Kyrill, awer et war de Kliment Ochridski den d'Kyrilliza entwéckelt huet. D'kyrillesch Buschtawe baséieren op der griichescher Unzialschrëft, mä fir spezifesch slawesch Phonemer gouf op glagolitesch Buschtawen zréckgegraff.