Eng Landkaart ass d'Duerstellung vun engem Stéck Terrain op enger flaacher Fläch. Dat ass net sou einfach, well een eng Kugel oder en Deel vun enger Kugel (d'Welt) net kann opdiebele wéi zum Beispill e Wierfel.
Déi verschidde Schrëtt fir zu enger brauchbarer Kaart ze komme sinn:
D'Duerstellung vum Stéck Terrain gëtt vereinfacht duerch d'Benotze vu konventionellen Zeechen an enger Legend. D'Duerstellung ass ëmmer am Moossstaf.
Et gëtt verschidden Zorte vu Kaarten, z. B. topographescher, physescher, politescher, asw.
D'Faarwen op enger Kaart hunn ëmmer eng speziell Bedeitung. Op enger topographescher Landkaart benotzt ee schwaarz fir vum Mënsch geschaf Formen (Stroossen, Gebaier, etc.), blo fir Gewässer (Baachen, Flëss, Séien, etc.), gréng fir Vegetatioun (Bëscher, Wisen, Plantatiounen, etc.), brong fir de Relief a violett fir de Quadrillage.
Fir besser mat der Kaart eens ze ginn hëlleft den amerikanesche GPS System, an an Zukunft den europäesche Galileo System, andeems dës Systemer de Benotzer verréit, wou s'op der Kaart sinn.