Landwirtschaft

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
En Trakter um Kesselbierg bei Obeler féiert Botten aus dem Feld.

Landwirtschaft oder Agrikultur ass e Prozess, bei deem d'Mënschen hiren Ekosystem amenagéieren an de biologesche Liewenslaf vun domestizéierte Spezien kontrolléieren. D'Zil ass fir Liewensmëttel an aner Ressourcen ze produzéieren.

De Begrëff bezeechent dat ganzt Wëssen a Kënnen an d'Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Beaarbechtung vum Buedem, a méi allgemeng all Aktivitéiten an der natierlecher Ëmwelt (net nëmmen op de Buedem bezunn), déi den Ubau an d'Sammele vu Liewewiesen (Planzen, Déieren, Champignonen, Mikroorganismussen) erméiglechen, déi fir de Mënsch nëtzlech sinn.

Et gëtt kee Konsens iwwer déi genee Ofgrenzung vun dem, wat zur Landwirtschaft zielt a wat net. Am allgemengen zielen zur Landwirtschaft:

  • den Ubau vu Planze mam Schwéierpunkt op den Akerbau a weider Produktiounsparte wéi de Gaardebau an de Wäibau, an
  • d'Véizuucht.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne