Laurence Harvey | |
---|---|
![]() bei senger Schwämm am Joer 1973 | |
Gebuer |
1. Oktober 1928 Joniškis |
Gestuerwen |
25. November 1973 London |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Litauen, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Margaret Leighton, Joan Perry, Paulene Stone |
Liewenspartner(in) | Hermione Baddeley |
Kanner | Domino Harvey |
![]() |
De Laurence Harvey, gebuer als Laruschka Mischa Skikne den 1. Oktober 1928 zu Joniškis a Litauen a gestuerwen de 25. November 1973 zu London, war en litauesch-brittesche Schauspiller a Filmregisseur.
De Laurence Harvey ass am Joer 1928 a Litauen op d'Welt komm. Am Alter vu 5 Joer ass hie mat sengen Elteren a Südafrika ausgewandert. 1946 kënnt hien op London. Hie versicht als Schauspiller beim Theater Fouss ze faassen. Am Film House of the Darkness am Joer 1948 spillt hie seng éischt Roll am Kino.
De Laurence Harvey ass am November 1973 am Alter vun nëmme 45 Joer zu London u Mokriibs gestuerwen.