Leader

Den offizielle Leader-Logo

Leader ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun fir d'Fërderung vun der Entwécklung vum ländleche Raum. De Kierzel steet fir "Liaisons entre actions de développement de l'économie rurale".

D'Leader-Approche encouragéiert d'Bevëlkerung an hir Vertrieder a Veräiner a Gemenge fir sech Gedanken iwwer d'Entwécklungspotential vun hirem Gebitt ze maachen an hir Schlussfolgerungen a Form vun Entwécklungsprojeten ëmzesetzen. Idealerweis geschitt dat am Kader vu Partnerschaften tëscht verschiddenen Acteure vun der ländlecher Entwécklung wéi z. B. Vertrieder vu soziokulturelle Vereenegungen a Representanten aus Tourismus, Wirtschaft, Schoulwiesen an aus der lokaler a regionaler Politik. Haaptziler sinn dobäi d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit an d'Diversifizéierung vun der regionaler Ekonomie.

Follgend Elementer spillen an der Leader-Initiativ eng wichteg Roll:

  • Ausschaffe vun enger multisektorieller Entwécklungsstrategie (business plan) fir e kloer ofgegrenzt Gebitt dat tëscht 10.000 an 100.000 Awunner huet.
  • Zesummestelle vu lokalen Aktiounsgruppen (ofgekierzt LAG[1]), un deene sech Partner aus dem ëffentlechen a private Secteur bedeelegen. De private Secteur muss op d'mannst mat 50 % vertruede sinn.
  • Bottom-up-Approche, bei där d'Iddie vun de Leit kommen an hir Ëmsetzung vun enger regionaler Partnerschaft matgedroe gëtt.
  • D'Projete sollen innovativ sinn.
  • Duerchféiere vu gemeinsame Projete mat aneren Aktiounsgruppen zu Lëtzebuerg an am Ausland.
  1. Op Däitsch: Lokale Aktionsgruppe (LAG); op Franséisch: Groupe d'action locale (GAL)

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne