Leander McCormick Observatory

Leander McCormick Observatory, 1890

De McCormick Observatory ass en Observatoire vun der University of Virginia a steet zu Charlottesville, Virginia (USA) um Bierg Mount Jefferson, deen dofir och Observatory Hill genannt gëtt).[1]

Den Observatoire ass nom Leander J. McCormick benannt, deen e Groussdeel vun de Gelder fir den Teleskop an den Doum gespent hat. Den Observatoire gouf 1885 fäerdeg gebaut an huet e Lënsenteleskop mat engem Duerchmiesser vu 65 cm, hiergestallt vun Alvan Clark & Sons. D'Kuppel huet en Duerchmiesser vu ronn 15 Meter a gouf vum Warner and Swasey entworf.

D'wëssenschaftlech Ënnersich hu sech op d'Distanzbestëmmung vu Stären no der Parallaxe-Method konzentréiert, op dës Aart a Weis goufen Dausende Stäre vermooss. Den Observatoire déngt haut fir d'Ausbildung vu Studenten a fir déi populär Astronomie de Leit méi no ze bréngen.

  1. University of Virginia Astronomy Department Archivéiert de(n) 20.02.2016. Gekuckt de(n) 29.06.2011.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne