Lee (Steen)

E Bréckepilier aus décke Leeën, zu Uewermaartel, op der Janglisstreck

Leeën sinn eng méthamorph Fielsformatioun, déi ënner héijem Drock an héijen Temperaturen entstanen ass. Si gehéieren zu de Schiferformatiounen. Et sinn am allgemenge Fielsformatiounen, déi an enger Direktioun a méi oder wéineger déck Placke gespléckt kënne ginn. Leeë fënnt een an eruptive Formatioune grad sou gutt wéi a geschichte Formatiounen, an deene leschte fënnt ee se méi dacks.

Leeë ginn ënnerscheet jee nodeem aus water Gestengs se kommen, wéi z. B. Mikasleeën, Tremolitleeën, Kiselleeën, Tounleeën, a Kallekleeën.

Nom Gebrauch gëtt et d'Leeë fir mam Griffel drop ze schreiwen, fir ze bauen, an d'Daachleeën.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne