D'Team Leopard Development (UCI-Kierzel:LDT) ass zanter 2012 ee professionellt lëtzebuergescht Vëlossport-Continental Team an ass den Nofollger vun der Ekipp Leopard-Trek (UCI Kierzel:LEO) wat bis 2011 den Numm vum ProTeam RadioShack-Nissan-Trek war, vun deem et dunn d'Farmteam gouf.
Den Numm Leopard-Trek koum engersäits vun der Leopard S.A., enger Firma, un där ë. a. de Sportmäzeen an Immobilien-Agent Flavio Becca bedeelegt ass, an vum US-amerikanesche Vëlosfabrikant Trek. Eng Rëtsch Sponsoren droe mat zum Finanzement vum Team bäi.
Zanter Januar 2012 steet och dee bis elo erfollegräichste lëtzebuergeschen Triathleet Dirk Bockel beim Team ënner Kontrakt.