Lucien Weiler

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lucien Weiler
Gebuer 3. August 1951
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV
Fonctioun Gemengeconseiller, Chamberpresident, Deputéierten
Famill
Kanner Charles Weiler

De Lucien Weiler, gebuer den 3. August 1951 zu Ettelbréck, ass e Lëtzebuerger Affekot a Politiker (CSV).

De Lucien Weiler war vun 1986 bis 1987 Gemengeconseiller, a vun 1988 bis 1993 Schäffen, an der Gemeng Dikrech.

Op nationalem Plang war hie vum 16. Juli 1984 bis de 7. Oktober 2013 Deputéierten an der Chamber, dovun, vun August 2004 bis Juni 2009, President. Als Deputéierte war hien ë. a. Member vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der Assemblée parlementaire de la Francophonie (APF), beim Conseil Parlementaire Interrégional (CPI) a bei der Assemblée parlementaire de l'Organisation pour la Sécurité et la Coopération en Europe (OSCE).

Hie war vu Januar 2016[1] bis Mäerz 2020, wéi hien a Pensioun goung,[2] Haffmarschall.

  1. Communiqué de la nomination de M. Lucien Weiler à la fonction de Maréchal de la Cour monarchie.lu 15. Dezember 2015
  2. D'Yuriko Backes gëtt Maréchale de la Cour, gelies op rtl.lu den 29.4.2020

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne